09/10/2026
🇱🇺 Lëtzebuerg an d'Brabantesch Revolutioun
D’Brabantesch Revolutioun, déi 1789 géint d’Reforme vum Keeser Joseph II ausgebrach ass, huet zur Grënnung vun de Vereenegte Belsche Staate geféiert. Wärend d’Rebellen de gréissten Deel vun den Éisträicheschen Nidderlanden kontrolléiert hunn, hunn sech d’Verwaltung an d’keeserlech Arméi an d’Herzogtum Lëtzebuerg zeréckgezunn, déi lescht Provënz, déi dem Keeser trei bliwwen ass. Bal ee Joer laang goufen d’Geschäfter vun der Regierung vu Lëtzebuerg a Tréier aus geleet, ënnert der stänneger Angscht virun engem Ugrëff op Lëtzebuerg. De 26. Februar 1790 huet déi provisoresch Jointe zu Tréier de Quartiergeld fir d’Awunner vu Lëtzebuerg bewëllegt, als Ausgläich fir d’Käschte vun der Ënnerbréngung vun Zaldote.
🇫🇷 Éclatée en 1789 contre les réformes de Joseph II, la Révolution brabançonne entraîne la création des États belgiques unis. Tandis que les insurgés contrôlent la majeure partie des Pays-Bas autrichiens, l’administration et l’armée impériales se replient sur le duché de Luxembourg, dernière province restée fidèle à l’empereur. Pendant près d’un an, les affaires du gouvernement autrichien y sont dirigées depuis Luxembourg et Trèves, dans la crainte d’une attaque. Le 26 février 1790, la jointe provisoire établie à Trèves accorde aux habitants de Luxembourg le versement du quartier-geld, destiné à couvrir les frais d’hébergement des soldats de la garnison logés chez les particuliers.
🇬🇧 The Brabant Revolution, which broke out in 1789 in opposition to the reforms of Joseph II, led to the creation of the United Belgian States. While the insurgents controlled most of the Austrian Netherlands, the imperial administration and army retreated to the Duchy of Luxembourg, the last province that remained loyal to the emperor. For nearly a year, the Austrian government’s affairs were managed from Luxembourg and Trier, out of fear of an attack. On February 26, 1790, the provisional administration established in Trier granted the residents of Luxembourg payment of the “quartier-geld,” intended to cover the costs of housing garrison soldiers.
🇱🇺